FORMEL 1 - Grousse Präis vu Singapur - Quali
Grousse Präis vu Singapur
#SingaporeGP
Singapur ass eng reegelrecht Tortur fir Mënsch a Maschinn. Et ass waarm an extrem dompesch. Do gëllt et bis zum Schluss konzentréiert ze bleiwen.
Zu Singapur kënnt jiddereen un d’Schweessen. McLaren kënnt déi éischte Kéier zënter 10 Joer als Leader vun der Constructeur-WM op ee Grousse Präis. Méiglech gouf dat duerch den Oscar Piastri, deen et am Aserbaidjan fäerdeg bruecht huet, de Charles Leclerc wärend 30 Ronnen hannerun sech ze halen. Erliewe mir och zu Singapur erëm en Duell McLaren-Ferrari? A war de Pérez-Speed zu Baku en Indice dofir, dass Red Bull eppes fonnt huet? Wien meeschtert de groussen Nuetsspektakel an der Marina Bay am beschten?
Suivéiert de FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2024 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2024
#SingaporeGP
Marina Bay (SGP)